Mount Rushmore National Memorial

De Mount Rushmore National Memorial (meeschtens Mount Rushmore ofgekierzt) ass en nationaalt US-amerikanescht Monument, dat an de Black Hills bei Keystone, South Dakota läit. Et commemoréiert d'Gebuert an d'Entwécklung vun de Vereenegte Staaten an hiren éischten 150 Joer a besteet haaptsächlech aus de ronn 18 Meter héije Büste vun den amerikanesche Presidenten George Washington, Thomas Jefferson, Theodore Roosevelt an Abraham Lincoln.

Déi véier Presidentebüsten

Eng 400 Aarbechter hunn dës tëscht 1927 an dem 31. Oktober 1941 ënner der Direktioun vum Gutzon Borglum erausgemeesselt. Et gëtt vum National Park Service geréiert.

De Mount Rushmore ass déi wichtegst Touristenattraktioun a South Dakota. 2004 waren iwwer 2 Millioune Leit sech dat ukucken.[1]

Um Site gëtt et och de Lincoln Borglum Museum. An deem sinn 2 Kinoen, déi e Film vun 13 Minutten iwwer d'Geschicht vum Mount Rushmore weisen.

De Film North by Northwest vum Alfred Hitchcock spillt ë. a. um Mount Rashmore, och wann déi meescht Zeenen am Studio a gappe Kulisse viru Réckprojektioune gedréit goufen.

Um Spaweck änneren

Commons: Mount Rushmore National Memorial – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Mount Rushmore facts, National Park Service.