D'Great Plains sinn eng Regioun am Zentrum vun den USA a vu Kanada. Et handelt sech ëm e Flaachland mat Prairien am Oste vun de Rocky Mountains. D'amerikanesch Bundestaaten New Mexico, Texas, Oklahoma, Colorado, Kansas, Nebraska, Wyoming, Montana, South Dakota, North Dakota, an d'kanadesch Provënze Saskatchewan an Alberta leien deelweis an de Great Plains.

Great Plains
Land Vereenegt Staate vun Amerika, Kanada
Dimensiounen
Längt 3 200 km
Breet 800 km
Fläch 1 300 000 km²

D'Regioun ass bekannt fir hir extensiv Véizuucht an d'Landwirtschaft.

Um Spaweck

änneren
Commons: Great Plains – Biller, Videoen oder Audiodateien