D'Solar Maximum Mission (SMM), oder SolarMax genannt, war eng Satelittemissioun vun der NASA fir d'Observatioun vun eiser Sonn, besonnesch awer vu Sonneneruptiounen. De Sattelit gouf vun der Firma Fairchild gebaut an de 14. Februar 1980 um 15:57 Auer UTC mat enger Delta-Rakéit gestart. D'Solar-Maximum-Missioun war den 2. Dezember 1989 eriwwer, wéi de Satellit an d'Äerdatmosphär agetratt ass an do vergloust ass.

Solar Max
De Solarteleskop "Solar Max"
Typ Fuerschungssatellit
Land  USA
Agentur NASA
COSPAR-Bezeechnung 1980-014A
Apogeum 512 km
Perigeum 508 km
Bunnschréi 28,5 °
Mass 2315 kg
Gréisst 4 m laang
Bunn-Ëmlafzäit 94,8 min
Start 14. Februar 1980
Startplaz Cape Canaveral LC-17
Drorakéit Delta 3910
Status vergloust den 2. Dezember 1989
Den SMM wärend der Space-Shuttle-Missioun STS-41-C bei engem Versuch fir en anzefänke

Instrumenter änneren

De Satellit hat follgend Instrumenter u Bord:

Reparatur am Weltraum änneren

Am Januar 1981 waren dräi Sécherunge vun der Lagreegelung vum Satellit duerchgebrannt. Doduerch war et net méi méiglech, den SMM genee op d'Sonn auszeriichten. De 6. Abrëll 1984 hat d'Raumfähr Challenger de SolarMax wärend hirer Missioun STS-41-C ugeflunn. Dobäi gouf de Satellit an d'Notzlaaschtbucht vum Space Shuttle gehuewen, fir en ze reparéieren (eng.: On-Orbit Servicing). Doduerch gouf d'Liewenszäit vum SMM-Satellit ëm e puer Joer verlängert. D'Missioun gouf 1985 am IMAX-Film The Dream Is Alive porträtéiert.

De Solar Max war den éischte Satellit, deen am Weltraum agefaangen, reparéiert an nees ausgesat gouf.

left

Resultater änneren

Opfällegerweis weist den ACRIM-Instrumentenset (Active Cavity Radiometer Irradiance Monitor) vum SMM, datt entgéint den Erwardungen, d'Sonn wärend dem Maximum vum Sonnefleckenzyklus (Zäitpunkt mat de meeschte Sonneflecken) méi hell ass. Dat kënnt dohier, well d'Sonneflecke vu sougenannte Faculae hell ëmrummt sinn, déi de Verdonklungseffet vun de Sonneflecken méi wéi ausgläichen.

Tëscht 1987 an 1989 goufe mam Koronograph zéng Sonnesträifer entdeckt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Solar Maximum Mission – Biller, Videoen oder Audiodateien