D'Sonnefakelen, och Facula (lat facula = kleng Fakel) genannt, sinn Objete mat héijer Hellegkeet an Temperatur op der Sonn. Si sinn typescherweis an der Géigend vu Sonneflecken ze fannen, a breede sech flaach an a laange Liichtlinnen aus. Naturgeméiss kann ee se besonnesch gutt op de Randzone vun der Sonnescheif gesinn. D'Moyenne vun hirer Liewensdauer läit bei ronn 15 Deeg. Déi ass domat méi laang wéi déi vun de Sonneflecken.