D'Sloan Great Wall ass eng gigantesch Mauer aus Galaxien an ass déi gréisst bekannt zesummenhängend Struktur am Universum. Si gouf duerch d'Date vum Sloan Digital Sky Survey am Joer 2003 entdeckt[1]. D'Struktur ass bal dräimol sou grouss wéi d'astronomesch Grouss Mauer an huet eng Längt vu ronn 1,37 Mrd. Liichtjoer.[2] Si ass ronn eng Milliard Liichtjoer vun eiser Äerd ewech.

De Sloan Great Wall an enger DTFE Rekonstruktioun vun de bannenzegen Deeler vum 2dF Galaxy Redshift Survey.

D'Sloan Great Wall ass net gravitativ gebonnen, soudatt si keen „Objet“ am eigentleche Sënn duerstellt. Villméi handelt et sech ëm eng koherent Glidderung vu Galaxien, déi an der Zukunft zu ville gravitativ gebonnene Galaxiëkéip kollabéiere wäerten. Déi gréisst bekannt „echt“ Struktur am Universum gouf am Juli 2006 mam Subaru-Teleskop entdeckt. Déi ass awer méi kleng wéi d'Sloan Great Wall.[3]

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. J. R. Gott III et al., Astrophys. J., 624, 463 (2005).
  2. Kenneth R. Lang: A Companion to Astronomy and Astrophysics. Chronology and Glossary with Data Tables, Springer, 2006, S. 103
  3. http://www.spacedaily.com/reports/Subaru_Telescope_Spots_Largest_Structure_In_The_Universe_999.html