Simpelveld
Simpelveld ass eng Uertschaft a Gemeng an der hollännescher Provënz Limburg mat ronn 5.300 Awunner an der Uertschaft a ronn 10.000 Awunner an der Gemeng (2023). Si läit am südlimburgeschen Hiwwelland, an ass en Deel vun der Parkstad Limburg.
Simpelveld | |
---|---|
Land | Holland |
Provënz | Limburg |
Awunner | 10.477 (1. Januar 2021) |
Fläch | 16,02 km² |
Koordinaten | 50°50'6"N, 5°58'55"O |
Postcode | 6350–6351 |
Websäit | https://www.simpelveld.nl/ |
Déi haiteg Gemeng ass entstanen duerch d'Fusioun am Joer 1982 vun den deemools eegestännege Gemenge Bocholtz a Simpelveld. Zu der Gemeng gehéieren nach d'Uertschafte Boschenhuizen a Molsberg
Gemeng stéisst un déi hollännesch Gemengen Heerlen, Gulpen-Wittem a Voerendal. Op der däitscher Grenz stéisst se un de Krees Oochen.
Geschicht
ännerenVum Numm vun der Uertschaft, déi et schonn an der gallo-réimescher Zäit gouf, ass bekannt datt en an Dokumenter fir d'éischt am Joer 1137 als Simplevei ernimmt gouf.
Iwwerreschter aus der Réimerzäit goufe bei den Ausgruewunge vun der réimescher Villa an der Géigend vu Vleengendaal tëscht 1911 an 1913 fonnt. Et ass eng vun de luxuriéiste réimesche Villaen déi an Holland fonnt goufen. Se war 44 Meter laang an 31 Meter breet.
Wopen
ännerenDe Wope vu Simpelveld ass entstanen aus dem Wope vun den Häre vu Simpeveld a Bocholtz, déi vu 1640 bis 1773 do Meeschter waren. Am Schëld ass, op bloem Feld, eng sëlwer Sträif duerch d'Mëtt. Am éischte bloe Feld ass uewen eng sëlwer Dauf déi den Hellege Geescht duerstellt an ënnendrënner, am Gold, en Uelegkielech als Attribut vum hellege Remigius, Patréiner vu Simpelveld. Am zweete bloe Feld sinn zwou Jakobsmuschelen d'Attribute vum hellege Jakobus, de Patréiner vu Bocholtz. Iwwer dem Schëld ass eng gëlle Kroun.
Fändel
ännerenDe Fändel, Blo-Wäis-Blo, de laange Wee no, mat am ieweschte Feld enger wäisser (sëlwer) Dauf an am ënneschten eng Jakemuschel, allebéid op der rietser Säit, gouf de 26. Abrëll 1984 vum Gemengerot ugeholl.
Verkéier
ännerenSimpelveld ass mat enger zweetrangeger Strooss op zwou Plaze mat der Nationalstrooss 281 verbonnen, iwwer déi se och Verbindunng no ronn 2.200 Meter un d'Autobunn A76 huet, iwwer déi do och d'Europastrooss E314 leeft.
Bis an d'Mëtt vun den 80er Jore war Simpelveld och un d'Eisebunnsnetz ugeschlooss an zwar iwwer déi sougenannt Milliounestreck. Vun un datt déi zougemaach gouf, fiert nach just op engem Deel en Touristenzuch dee mat Damplokomotive gezunn gëtt. Dës Museumsbunn gëtt vun der Zuid-Limburgse Stoomtrein Maatschappij bedriwwen.
Persounen a Relatioun mat der Gemeng
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Simpelveld – Biller, Videoen oder Audiodateien |