Sherwood Anderson

US-amerikanesche Schrëftsteller

De Sherwood Anderson, gebuer den 13. September 1876 zu Camden, Ohio, a gestuerwen den 8. Mäerz 1941 zu Colon am Panama, war en US-amerikanesche Schrëftsteller.

Sherwood Anderson
Gebuer 13. September 1876
Gestuerwen 8. Mäerz 1941
Doudesursaach Bauchfellentzündung
Nationalitéit USA
Aktivitéit Schrëftsteller
Member vun American Academy of Arts and Letters

Seng Aarbecht, déi ëm déi 40 Wierker ëmfaasst, besteet aus Kuerzgeschichten, Romaner, Prosagedichter, Reportagen, an Autobiographien déi tëscht 1916 an 1941 erauskoumen. Am Ufank staark diskutéiert, duerno praktesch an de Vergiess gerode si seng Wierker Enn der Sechzeger Joren erëm an d'Gespréich komm.

Liewen änneren

Den Anderson koum aus enger aarmer Bauerefamill, konnt net vill léieren, an huet probéiert seng Bréidercher als Geschäftsmann an an der Publicitéit ze verdéngen. Hie war beim Spuenesch-Amerikanesche Krich dobäi, an duerno war hie Chef vun enger Faarwefabrik.

No engem Nervenzesummebroch am Joer 1913 huet hien de Beruff opginn, a seng Famill verlooss fir sech nach just mam Schreiwen ze beschäftegen.

D'Joren duerno waren net einfach fir hien. D'Evenementer aus där Zäit mat deelweis dramatesche Konsequenze beschreift hien a sengem Wierk A Story-Teller's Story, vun 1924, an a Memoirs déi 1942 erauskoumen.

1921 ass hien op Paräis gaangen, wou hien d'Gertrude Stein, an den iresche Schrëftsteller James Joyce kennegeléiert huet.

Eent vu senge bekanntste Wierker ass Winesburg, Ohio vun 1919. Stilistesch gëllt et, wéinst dem Schwéierpunkt op de Personnagen hir psychologesch Erkenntnisser amplaz op d'Handlung, a wéinst senger direkter an offener Prosa, als eent vun de fréiste Wierker vun der amerikanescher modernistescher Literatur an als Klassiker.[1],[2],[3]

Am Roman Poor White vun 1921 dréckt hie seng Gefiller vum Zweiwel a vun der Nidderlag aus.

Obwuel seng Bicher sech eenegermoosse gutt verkaaft hu war Dark Laughter aus dem Joer 1925 säin eenzege Bestseller. De Roman ass vum Anderson senger Zäit zu New Orleans an den 1920er inspiréiert.

Déi meescht Kritiker sinn der Meenung datt d'Qualitéit vu sengem Schreiwen an de Jore viru sengem Doud nogelooss a säi Ruff gelidden huet.[4],[5]

Den Anderson huet och reegelméisseg fir Zeitunge geschriwwen.

 
Graftsteen vum Sherwood Anderson

Hien ass 1941 am Alter vun 61 Joer wärend enger Croisière a Südamerika gestuerwen. Hien hat Péng am Bauch nodeems hien een Zahnstocher ofgeschléckt hat, a mat senger Fra huet hien d'Schëff a Panama verlooss, wou hien un enger Bauchfellentzündung gestuerwen ass. De Sherwood Anderson ass zu Marion am Virginia begruewen.

Impakt änneren

Den Anderson gëllt als ee vun de wichtegsten Auteure vu Kuerzgeschichten am 20. Joerhonnert an der amerikanescher Literatur. Zu sengen anere bedeitende Wierker gehéieren The Triumph of the Egg, Horses and Men, Death in the Woods, an The Sherwood Anderson Reader.

Hien huet mat senge Wierker Schrëftsteller wéi de William Faulkner, Thomas Wolfe, James T. Farrell, Henry Miller an Ernest Hemingway beaflosst. Den Hemingway, deen och vun der Gertrude Stein beandrockt war, schreift vun deenen zwee a senger Satir Torrents of Springs.

Fir jonk Schrëftsteller huet den Anderson de Refus vum Puritanismus duergestallt, gekoppelt mat enger populärer Ausdrocksweis, déi där vum Mark Twain nostoung.

Wierker änneren

An dëser Lëscht stinn d'Wierker vum Sherwood Anderson, déi wärend senger Liefzäit verëffentlecht goufen.

Romaner änneren

  • 1916: Windy McPherson's Son
  • 1917: Marching Men
  • 1920: Poor White
  • 1923: Many Marriages
  • 1925: Dark Laughter
  • 1926: Tar: A Midwest Childhood (semi-biografesch)
  • 1932: Beyond Desire
  • 1936: Kit Brandon: A Portrait

Kuerzgeschichtesammlungen änneren

  • 1919: Winesburg, Ohio
  • 1921: The Triumph of the Egg: A Book of Impressions From American Life in Tales and Poems
  • 1923: Horses and Men
  • 1933: Death in the Woods and Other Stories

Poesie änneren

  • 1918: Mid-American Chants
  • 1927: A New Testament

Theaterstécker änneren

  • 1937: Plays, Winesburg and Others

Keng Fiktioun änneren

  • 1922: A Story Teller's Story (Memoiren)
  • 1925: The Modern Writer (Essaien)
  • 1926: Sherwood Anderson's Notebook (Memoiren)
  • 1929: Alice and The Lost Novel
  • 1929: Hello Towns! (gesammelt Zeitungsartikelen)
  • 1929: Nearer the Grass Roots (Essaien)
  • 1930: The American County Fair (Essaien)
  • 1931: Perhaps Women (Essaien)
  • 1934: No Swank (Essaien)
  • 1935: Puzzled America (Essaien)
  • 1939: A Writer's Conception of Realism (Essaien)
  • 1940: Home Town (Fotoe a Kommentaren)

Um Spaweck änneren

Commons: Sherwood Anderson – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Speaking in medias res: Modernism versus Modernity in Sherwood Anderson’s Winesburg, Ohio, Yonca Denizarslanı, "Journal of Awareness", Volume 6, Editioun 2, Joer 2021, Säit 105-115
  2. ‘Some obscure poet of the town’: Winesburg, Ohio and the Small Town as Modernist, Will Carroll, University of Birmingham, modernistreviewcouk.wordpress.com
  3. The Limits and Freedoms of Literary Regionalism: The Cycle of Isolation in Sherwood Anderson’s Modernist Midwest, Evan Nicole Brown, Ploughshares at Emerson College
  4. "A brief survey of the short story part 51: Sherwood Anderson" am The Guardian vum 24. Juli 2013
  5. Sherwood Anderson op Oxford Bilbiogrphies