Ernest Hemingway
Den Ernest Miller Hemingway, gebuer den 21. Juli 1899 zu Oak Park, engem Faubourg vu Chicago am US-Staat Illinois, a gestuerwen den 2. Juli 1961 zu Ketchun am Idaho, war en US-amerikanesche Schrëftsteller.
Ernest Hemingway | |
---|---|
Gebuer |
21. Juli 1899 Oak Park |
Gestuerwen | 2. Juli 1961 |
Doudesursaach | Schosswonn |
Nationalitéit | USA |
Educatioun | Oak Park and River Forest High School |
Aktivitéit | Krichskorrespondent, Dréibuchauteur, Romancier, Journalist, Dramatiker, Dichter, Schrëftsteller, Novellist, Prosaist |
Liewen
ännerenDen Ernest war dat zweet vu sechs Kanner vum Dr Clarence Edmonds Hemingway, engem Dokter, an der Grace Hall, déi hiert ganzt Liewe mat Migrän a Photophobie geplot war. Béid waren déifgleeweg Membere vun der First Congregational Church.
Den Ernest Hemingway ass scho fréi virun den Zwäng vu sengem Elterenhaus an der Schoul fortgelaf an huet een abenteuerlecht Liewe gefouert.
1918 war hie fräiwëllege Sanitäter (Chauffer beim Roude Kräiz) un der italieenescher Front, 1921-27 Korrespondent an Europa, 1936-37 am Spuenesche Biergerkrich op der Säit vun de Republikaner an 1944-45 beim Debarquement vun den Alliéierten a Frankräich als Krichsreporter. Enn 1944 war hien zu Lëtzebuerg, an der Regioun vun Iechternach, bei der 4. Infanterie-Divisioun ënner dem Generol Raymond O. Barton.
Den Hemingway huet sech mat 61 Joer d'Liewe geholl. Hie konnt am Alter wéinst senger Krankheet säin Ideal vun enger stänneger Bewärung an der Erausfuerderung a Gefor am Krich, beim Stéierkampf a bei der Héichséifëscherei, net méi verwierklechen. Ausserdeem huet hien ugefaange blann ze ginn.
Den Nobelpräis
ännerenDen Ernest Hemingway krut 1954 den Nobelpräis fir Literatur, "for his mastery of the art of narrative, most recently demonstrated in The Old Man and the Sea, and for the influence that he has exerted on contemporary style".[1] Wéinst senger schlechter Gesondheet war hien net mat um Banquet den 10. Dezember 1954 am Stadhaus zu Stockholm. Den amerikanesche Botschafter huet de Präis fir den Auteur entgéintgeholl.
Säi literarescht Wierk (Auswiel)
ännerenRomaner
änneren- (1926) The Torrents of Spring: a Romantic Novel in Honor of the Passing of a Great Race, New York, Scribners
- (1926) The Sun Also Rises, New York, Scribners. Ënner dem Titel Fiesta 1927 zu London bei Cape
- (1929) A Farewell to Arms
- (1937) To Have and Have Not
- (1940) For Whom the Bell Tolls
- (1950) Across the River and Into the Trees
- (1952) The Old Man and the Sea
- (1970) Islands in the Stream
- (1986) The Garden of Eden
- (1999) True at First Light: a Fictional Memoir, New York, Simon & Schuster. Ënner dem Titel Under Kilimanjaro ass déi éischt netgekierzten Editioun eréischt 2005 bei Kent State University Press am Ohio eraus.
Kuerzgeschichten
änneren- (1923) Three Stories & Ten Poems Paräis, Contact, 1923
- (1925) Cat in the Rain
- (1925) In Our Time
- (1927) Men Without Women
- (1933) Winner Take Nothing
- (1936) The Snows of Kilimanjaro
- (1938) The Fifth Column and the First Forty-Nine Stories, New York, Scribners. Gouf 1954 ënner dem Titel The Short Stories of Ernest Hemingway nees erausginn.
- (1969) The Fifth Column and Four Stories of the Spanish Civil War
- (1972) The Nick Adams Stories
- (1987) The Complete Short Stories of Ernest Hemingway, New York, Scribners, 1987
- (1995) Everyman's Library: The Collected Stories
Reportagen an aner Saachen
änneren- (1932) Death in the Afternoon
- (1935) Green Hills of Africa
- (1962) Hemingway, The Wild Years
- (1964) A Moveable Feast E Buch mat Erënnerungen u seng Paräisser Zäit, dat seng véiert Fra, d'Mary Hemingway, no sengem Doud erausgouf. Et geet rieds iwwer bekannt Literaten, déi sech an den Zwanzegerjoren zu Paräis erëmgedriwwen hunn, wéi den Ezra Pound, F. Scott Fitzgerald, de Ford Madox Ford, den James Joyce and d'Gertrude Stein
- (1967) By-Line: Ernest Hemingway
- (1970) Ernest Hemingway: Cub Reporter
- (1981) Ernest Hemingway Selected Letters 1917-1961
- (1985) The Dangerous Summer
- (1985) Dateline: Toronto
Filmer, déi opgrond vun Hemingway-Bicher gedréint goufen
änneren- (1932) A Farewell to Arms (mam Gary Cooper, der Mary Philips an dem Adolphe Menjou)
- (1943) For Whom the Bell Tolls (mam Gary Cooper an der Ingrid Bergman)
- (1944) To Have and Have Not (mam Humphrey Bogart an der Lauren Bacall)
- (1946) The Killers (mam Burt Lancaster)
- (1952) The Snows of Kilimanjaro (mam Gregory Peck)
- (1957) A Farewell to Arms (mam Rock Hudson, der Jennifer Jones an dem Vittorio De Sica)
- (1957) The Sun Also Rises (mam Tyrone Power)
- (1958) The Old Man and the Sea (mam Spencer Tracy)
- (1962) Adventures of a Young Man
- (1964) The Killers (mam Lee Marvin)
- (1965) For Whom the Bell Tolls, en engleschen Tëlee-Episodefilm (45 Minutten) mam John Ronane
- (1977) Islands in the Stream (mam George C. Scott)
- (1984) The Sun Also Rises
- (1990) The Old Man and the Sea (mam Anthony Quinn)
- (1996) In Love and War (mam Chris O'Donnnell)
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Ernest Hemingway – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikisource: Ernest Hemingway – Quellentexter |
Wikiquote: Ernest Hemingway – Zitater |
Referenzen
änneren- ↑ nobelprize.org: The Nobel Prize in Literature 1954