Christiane Steinmetzer

lëtzebuergesch Konschthistorikerin

D'Christiane Steinmetzer, gebuer[1] de 16. Mee 1948 an der Stad Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch Konschthistorikerin. Vun 2004 bis 2008 war si Direktesch vum Service des sites et monuments nationaux (SSMN).

Christiane Steinmetzer
Gebuer 16. Mee 1948
Lëtzebuerg
Aktivitéit Konschthistoriker
Famill
Papp Alfred Steinmetzer

No hirem Studium a Konschtgeschicht op der Académie royale des beaux arts zu Bréissel war si Konschtprofessesch zu Lëtzebuerg. 1982 gouf d'Christiane Steinmetzer Conservateur am SSMN a war zoustänneg fir de Patrimoine rural. Hire Papp war de Kënschtler a Geodet Alfred Steinmetzer, fréiere Conservateur en chef vum Service des sites et monuments nationaux vun 1971 bis 1982.

Gielchen änneren

Referenzen änneren

  1. Luxemburger Lexikon, 1. Oplo, 2006, S. 409
  2. Ministère de la Culture PROMOTION 2004 DANS LES ORDRES NATIONAUX