Patrick Sanavia

lëtzebuergesche Jurist

De Patrick Sanavia, gebuer de 14. Oktober 1967 zu Esch-Uelzecht, ass e lëtzebuergesche Jurist a Staatsbeamten.

Patrick Sanavia
Gebuer 14. Oktober 1967
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Jurist

Nom Ofschloss vu sengem Studium op der Université Robert-Schuman zu Stroossbuerg mat enger Maîtrise am Droit, huet hie seng berufflech Karriär als Affekot ugefaangen.

Zanter 2000 schafft hien um Kulturministère.

Hien ass zanter 2008 Direkter vum Institut national pour le patrimoine architectural (fréieren Numm: Service des sites et monuments nationaux), wou hien Nofollger vun der Christiane Steinmetzer gouf.

Vun 2007 bis 2010 war hie President vun der Commission des sites et monuments nationaux.