D'Lokomotive vun der Serie 27 sinn Elektrolocke vun der SNCB déi an den achtzeger Jore kaaft goufen.

Serie 27 SNCB
Nummeréierung: 2701-2760
Stéckzuel: 60
Constructeur: Elektrescht: ACEC vu Charleroi
Mécanique: CFM (BN) vun Nivelles
Baujoren: 1981-1984
Ausmusterung: Nach a Betrib
Achsformel: Bo'Bo'
Déngschtmass: 85 Tonnen
Längt iwwer Puffer: 18.650 mm
Héicht: 4220 mm
Maximal Achselaascht 21 Tonnen
Héchstvitesse: 160 km/h
Stroumsystemer: 3kV Gläichstroum
Leeschtung: 4150 kW

Se si praktesch baugläich mat de Lokomotive vun der Serie 21. Den eenzege groussen Ënnerscheed ass hire Motor. D'Serie 27 huet eng Leeschtung vu 4.150 kW an d'Serie 21 huet 3.000 kW.

Am Ganze goufen 120 Lokomotive bestallt, 60 fir all Serie.

D'Serie 27 gouf als Universallokomotiv bei der CFM/BN vun Nivelles bestallt an déi éischt Maschinn gouf am November 1981 un d'SNCB geliwwert. Si kënne vun de Steierween vun den Typpen M6-BDx an I11-BDx aus gefuer ginn. Well se dacks op Zich agesat ginn déi mussen ennerwëe gespléckt ginn, ënner anerem den InterCity E, sinn d'Maschinnen 2740-2760 mat enger automatescher Kupplung ekipéiert. Dat erlaabt et s'an e puer Sekonnen un d'Steierween vun den M6 Voituren oder eng aner Lokomotiv mat dëser Zort Kupplung unzekrämpen.

Bemierkungen

änneren
  • D'Maschinn mat der Nummer 2711 hält ablacklech de Weltrekord fir d'Traktioun vum längste Persounenzuch. Si huet 1991 70 Persounevoituren tëscht Gent an Oostende gezunn. Am Poste de Commande vun der Maschinn ass eng Plack ubruecht déi dorun erënnert.
  • D'Maschinn mat der Nummer 2719 krut Mëtt der 1990er Joren e Pantograph vum Typ Faiveley agebaut a war fir e puer Joer am Stand ënner enger 25kV 50 Hz Catenaire ze funktionéieren. Zil war d'Entwécklung vun der zukënfteger Serie SNCB 13/CFL 3000.
  • D'2734 gouf als Testlokomotiv fir de belschen Zuchsécherungssystem TBL 2 benotzt a krut dowéinst eng Rei speziell Miesssapparater agebaut.

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: SNCB Class 27 – Biller, Videoen oder Audiodateien