Serie 11 SNCB
Nummeréierung: 1181-1192
Stéckzuel: 12
Constructeur: Elektrescht: ACEC vu Charleroi
Mécanique: CFM (BN) vun Nivelles
Baujoer: 1985-1986
Ausmusterung: Nach a Betrib
Achsformel: Bo'Bo'
Déngschtmass: 85 Tonnen
Längt iwwer Puffer: 18.650 mm
Héicht: 4220mm
Maximal Achselaascht 21 Tonnen
Héchstvitesse: 140 km/h
Stroumsystemer: 3kV Gläichstroum
1,5kV Gläichstroum
Leeschtung: 3130 kW

D'Lokomotive vun der Serie 11 sinn Elektrolocke vun der SNCB déi 1985-1986 kaaft goufe fir mat den InterCity Zich tëscht Amsterdam a Bréissel ze fueren.

Si kënnen ënner der belscher an hollännescher Catenaire fueren.

Bemierkungen änneren

  • Am Géigesaz zu deene reschtleche Serië vun der SNCB fänkt d'Nummeréierung vun der Serie 11 bei 1181 un. Dat ass well nach bis Mëtt vun den 80er Jore bei der NS eng Serie 1100 mat 80 Lokomotiven ënnerwee war an et huet ee wëlle verhënneren datt et zu Verwiesselunge kéim.
  • Bis 2007 war d'Serie 11 exklusiv op der InterCity B Verbindung tëscht Bréissel an Amsterdam ënnerwee. Hiert Enn op där Verbindung koum, wéi 2008 d'Héichvitessestrecken Antwerpen - hollännesch Grenz a Roosendaal-Amsterdam opgoungen an d'InterCity mat 160 km/h fuere sollten. Si goufen duerch d'Serie 28 an hollännesch Traxx Lokomotiven ersat.
  • Zanter 2008 fënnt een d'Serie 11 an der Belsch op P Zich an dat virun allem am flammänneschen Deel vun der Belsch.
  • D'Serie 11 huet eng markant Livrée am bordeaux-gielen. Et ass e Symbol datt d'Benelux Zich, wéi d'InterCity B och nach genannt ginn, e gemeinsame Projet vun der SNCB an der NS sinn. Bordeaux war Mëtt der 80er Joren d'SNCB Faarf, wärend d'NS nach haut mat gielen Zich ënnerwee ass.
  • Si konnte vun den hollännesche Steierween aus gefuer ginn. Well d'Steierween haut net méi an d'Belsch kommen, an d'Serie 11 nëmmen nach seelen an Holland ass, huet deen Asaz u Bedeitung verluer.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: SNCB Class 11 – Biller, Videoen oder Audiodateien