Georg-Alvin von Puttkammer

preiseschen Offizéier


De Johann Georg Karl Leopold Alwin Freiherr von Puttkamer gebuer den 11. Oktober 1811 zu Jassen an der Provënz Pommern a gestuerwen 1885, war en héije preiseschen Offizéier, deen 1831 als Porte-Épée-Fähnrich vum 39. Infanterieregiment an d'Garnisoun op Lëtzebuerg koum.

Georg-Alvin von Puttkammer
Gebuer 1811
Jasień
Gestuerwen 16. Dezember 1885
Nationalitéit Kinnekräich Preisen, Polen
Aktivitéit Feldhär, Offizéier

1835 huet de von Puttkammer, deemools Oberleutnant, sech mat der Freiin d'Olimart, Duechter vum Regierungsrot d'Olimart vu Bettenduerf bei Dikrech bestuet. 15 Joer laang huet hien ouni Ënnerbreechung zu Lëtzebuerg gewunnt. D'Schlass zu Bettenduerf heescht ëmmer nach, bis haut, d'Puttkammerschlass. De Freiherr von Puttkammer huet et bis zum Generolmajouer bruecht. Hien huet no senger Pensioun 14 Joer zu Koblenz gelieft. Vun him schreift de K. Arendt: Bei uns hinterliess von Puttkammer ein in jeder Beziehung ehrenvolles Andenken.

Literatur

änneren
  • Arendt, K.: Porträtgalerie hervorragender Persönlichkeiten des Luxemburger Landes mit biographischen Notizen - S. 479: Freiherr von Puttkammer,1972 (Neioplo) Edouard Kutter Verlag