Um Schinker

(Virugeleet vu(n) Schinker)

Um Schinker ass e Lieu-dit an der Lëtzebuerger Gemeng Parc Housen.

Schinker
An anere Sproochen fr: Schinker
de: schinker
Land Lëtzebuerg
Kanton Dikrech
Gemeng Parc Housen
Koordinaten 49° 59’ 31.6’’ N
      06° 05’ 19.’’ O

Op der Plaz ass e Rond-point deen d'N7 mam CR322 verbënnt.

Den Numm vum Lieu-dit geet op e Wiertshaus zeréck dat bis zum Zweete Weltkrich op der Kräizung vum haitege Kreesverkéier stoung, ier et an der Ardennenoffensiv zerstéiert an duerno net méi opgeriicht gouf. De Café huet der Famill Schinker gehéiert.[1]

D'Existenz vun der Kräizung ass zënter dem 14. Joerhonnert beluecht.[1] Follgend historesch Nimm op der Plaz vum Lieu-dit si bekannt: Auf der Vang (Ferrariskaart, ëm 1770; Vang oder Wang, eng agepercht Wiss); um Urkadaster, ëm 1812, steet auf dem Rang; an op der topographescher Kaart gëtt et de Flouernumm Rank.[2]

Referenzen an Notten änneren

  1. 1,0 1,1 Luxemburger Wort vum 22. Oktober 2015, S. 28.
  2. Am Artikel vum Luxemburger Wort vum 22.10.2015, dee sech op d'Aussoe vun engem Lokalhistoriker stäipt, fënnt een eng aner Interpretatioun: de Lieu-dit hätt fréier um Rand geheescht, dat well en op de Grenze vun deenen deemolege Gemengen Houschent, Konstem an Housen louch.