Schibbreger Millen

Lieu-dit a fréier Millen an der Gemeng Kiischpelt
Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.


D'Schibbreger Millen ass e Lieu-dit an eng fréier Millen an der Sektioun Alschent vun der Gemeng Kiischpelt.

Schibbreger Millen
Ee vun de Weiere vun der Schibbreger Millen.
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Schuttbourg-Moulin
de: Schüttburger Mühle
Land Lëtzebuerg
Kanton Wolz
Gemeng Kiischpelt
Buergermeeschter Yves Kaiser
Koordinaten 49° 58’ 03’’ N
      06° 00’ 58’’ O

Geographie änneren

D'Schibbreger Millen läit laanscht d'Klierf, 800 m Loftlinn nordwestlech vum Schibbreger Schlass.

Op d'Mille kënnt ee, wann een zu Konstem vum CR322 an de Millewee ofbéit an deem bis an den Dall vun der Klierf bis bei d'Millen nofiert. Aner Zoufaarte gëtt et och iwwer kleng Weeër vu Kautebaach a vun Alschent aus.

D'Schibbreger Millen läit op enger Héicht vu ronn 270 Meter am schmuelen, knapps honnert Meter breeden Dall vun der Klierf, déi do eng bal hallefkreesfërmeg Schleef mécht.

Am Dall gëtt et e puer Wisen a Felder, vun deenen de gréissten Deel um Flouer Schibbreger Brill läit. Den Territoire gëtt no Süden an no Norde vun der Eisebunnsstreck Kautebaach-Wolz begrenzt, wat awer net der eigentlecher Sektiounsgrenz entsprécht. D'Millen op der Plaz steet an der Sektioun Alschent just op der Sektiounsgrenz Alschent-Kautebaach, mä de Flouer am Dall ëm d'Millen erstreckt sech deelweis och an d'Sektioun Kautebaach.

Den Numm änneren

Nieft der haiteger offizieller Schreifweis[1] waren oder si follgend Nimm am Gebrauch: Schüttbuerger Millen, Schëttbuerger Millen oder Moulin de Schüttbourg. Déi Nimm leede sech vun de Bezeechnunge vum Schibbreger Schlass Schüttburg(de) oder Schuttbourg(fr) of.

Geschicht änneren

 

No dem Panneau bei der Paart, wier d'Mille vun 1330, se ass a Privatbesëtz a bewunnt.

Literatur änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Schibbreger Millen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. „Schibbreger Millen“ - LOD. lod.lu. Gekuckt de(n) 07.09.2022.