Schabloun:WDS 9. Dezember
- ... d'Stad Malakoff bei Paräis no enger Kopie vun engem Tuerm vun der Festung Malakoff, déi do stoung, genannt gouf, deen d'Fransousen 1856 am Krimkrich eruewert haten?
- ... d'Duchfabréck op der Schläifmille laang virun der Gemeng Hamm, an där se louch, en eegen Pompjeescoprs hat?
- ... dem François Gillen säi Buer op der Spëtzt vun der Aler an der Neier Avenue am Garer Quartier fir den 30. Anniversaire vun de Réimesche Traitéen opgeriicht gouf?
- ... 1922 an 1923 mat der Marcelle Dauphin an der Louise Welter déi éischt Fraen zu Lëtzebuerg Doktesch goufen (Zänndoktesch, resp. Generalistin)?
- ... Charleroi deen Numm 1666 zu Éiere vum Kinnek Carlos II. krut, a bis dohi Charnoy housch?