Schabloun:WDS 29. Mäerz
- ... d'Ukulele en hawaiianescht Museksinstrument ass, deem seng Originnen op Madeira zeréckginn, vu wou portugisesch Imigranten et matbruecht haten?
- ... de Saz "Play it again, Sam!" esou net am Film Casablanca (1942) virkënnt?
- ... d'lëtzebuergesch Schauspillerin Germaine Damar duerch de Film Die Beine von Dolores an Argentinien esou bekannt gouf, datt si do 3 Joer laang ëm Chrëschtdag eng eegen Televisiounsemissioun hat?
- ... d'Kathedral Saint-Pierre zu Beauvais déi mam héchste gotesche Chouer vun der Welt ass, mä ni fäerdeg gebaut gouf?
- ...d'Anna Boch den eenzege Client war deen de Vincent Van Gogh zu senge Liefzäiten hat?