Schabloun:WDS 29. Juni B
- ... de Film Congé fir e Mord vun Paul Scheuer 35 Joer laang de Rekord gehalen huet vum lëtzebuergesche Film mat deene meeschte Spectateuren, ier e vum Superjhemp retörns vum Félix Koch iwwerholl gouf?
- ... en Tangram aus fënnef Dräiecken, engem Carré an engem Parallelogramm besteet?
- ... d'Gemeng Ettelbréck 1850 an dräi gespléckt gouf, an esou d'Gemeng Schieren an d'Gemeng Ierpeldeng entstane sinn?
- ... Kiewerlekszopp ee vun de wéinege Platen an Europa ass, an deenen Insekte verschafft ginn?
- ... de Sireenereseau zu Lëtzebuerg aus ronn 160 Sireene besteet, déi uechter d'Land am ëffentleche Raum installéiert si fir am Fall vun enger Katastroph kënnen ze warnen?