Schabloun:WDS 26. Oktober B
- ... d'Mauer ronderëm den Domän vum Schlass vu Chambord mat 32 km Längt déi längst a Frankräich ass?
- ... deen éischte Fluchhafen zu Lëtzebuerg zu Esch-Uelzecht um Flouer "Lankelz" war, an et do ë. a. eng Direktverbindung Esch-London gouf?
- ... d'Donau an hirem Uewerlaf plazeweis am Buedem verschwënnt, fir 12 km méi wäit nees opzedauchen?
- ... an engem Pavillon vum Nationalmusée vum Niger den originalen Arbre du Ténéré ausgestallt gëtt?
- ... deen éischte Catenairespotto, deen den 18 Abrëll 1988 am Kader vun der Elektrifizéirung vun der Nordstreck opgeriicht gouf, an der Gare vu Luerenzweiler steet?