Schabloun:WDS 26
- ... de Mitock (Upupa epops) op Lëtzebuergesch och nach Wuppert, Butbutt, Buddert, Buddebutt, Bëschbuppert, Sténkert, Drecksvull, Riffer, Ruppert, Hupp-Hupp oder Witapp genannt gëtt?
- d'Gare vun Däitsch-Oth an déi vu Wuelmereng zwou Kappgarë vun den CFL sinn, déi a Frankräich leien?
- ... de Konschtturner Josy Stoffel vun 1949 bis 1964 ouni Ënnerbriechung Landesmeeschter am Turne war an u véier Weltmeeschterschaften, sechs Europameeschterschaften a fënnef Olympiaden deelgeholl huet?
- • ... de Meter 1793 als den 10-milliounsten Deel vun der Distanz vum Pol bis bei den Equator vum Äerdmeridian, op deem Paräis läit, definéiert gouf, an e Prototyp vun dësem Meter 1795 a Messeng gegoss gouf?
- • ... de Jules Hoffmann, gebuer den 2. August 1941 zu Iechternach, 2011 den Nobelpräis fir Medezin kritt huet an zanter 2012 Member vun der Académie française ass?
- ... de Sendemast vun Housen mat 300 Meter dat héchst Bauwierk vu Lëtzebuerg ass?