... den Uergelpäifekaktus direkt iwwer dem Buedem vill eenzel Äscht mécht, déi da praktesch am Senkel eropwuessen, wat dann ausgesäit wéi eng Rei Uergelpäifen?
... am Mee 1966 déi éischt Noutruffzentral zu Lëtzebeurg a Betrib geholl gouf, déi deemools nach ënner der Nummer 012 z'erreeche war?
... de Schwäizer Comicpersonnage Globi als Maskottche vun enger Buttekschaîne erfonnt gouf?
... den Europäesche Biber (Castor fiber) zu Lëtzebuerg eng zwee Joerhonnerte laang ausgestuerwe war, ier e sech zanter dem Ufank vun den 2010er Joren nees laanscht Sauer, Uelzecht, Äisch an Atert ausgebreet huet?
... d'Kap Komorin dee südlechste Punkt vum indeschen Ënnerkontinent ass?