Schabloun:WDS 20. Februar
- ... et beim Traité vu London vun 1867 déi éischt Kéier war, wéi Vertrieder vu Lëtzebuerg (de Victor de Tornaco an den Emmanuel Servais) en internationalen Traité mat ënnerschriwwen hunn?
- ... "Luxemburgerli" den Numm vun enger Makrounespezialitéit vun enger Zürcher Confiserie ass?
- ... ee Konschtstéck vum lëtzebuergesche Kraaftmënsch John Grün (1868-1912) dora bestoung, 2 Päerd mat 2 erwuessene Reider drop an d'Luucht ze hiewen?
- ... Les danseurs d'Echternach vum Evy Friedrich aus dem Joer 1947 deen éischte lëtzebuergesche Film war, deen um Festival vu Cannes gewise gouf?
- … den Astronom Christiaan Huygens als Éischten dat, wat de Galileo Galilei als "Ouere" vum Saturn bezeechent hat, als d'Saturnréng identifizéiert hat?