... de Bodensee näischt mat Buedem ze dinn huet, ma op eng fréier Uertschaft an Herzogtum Bodamon (haut eng Uertschaft an der Gemeng Bodman-Ludwigshafen), zeréckgeet?
... de Fait, dass am Finnegan's Wake vum James Joyce "that Luxuumburgher evec cettehis Alzette (...)" ernimmt gëtt, op dem Auteur säi Besuch am Land als Tourist, am August 1934, zeréckzeféieren dierft sinn?
... den hellege Fiakrius Patréiner vun de Gäertner, den Taxichaufferen an de Koloproktologen ass?
... bei Mamer an engem Pëtz aus der Réimerzäit Skelettdeeler vun engem Dromedar fonnt goufen?
... e Studentequartier zu Köln (Neustadt-Süd), als Uspillung un de Paräisser Quartier Latin, Kwartier Latäng genannt gëtt?