Schabloun:WDS 16
- ... d'Mundaneum vum Belsch Paul Otlet (1868-1944) eng Zort Multimedia-Archiv war, dat un e bibliographesch-enzyklopedesche Repertoire gekoppelt war, an haut als eng "analog Sichmaschinn" vum Wësse vun der Welt ugesi gëtt?
- ... déi éischt Verkéiersluucht zu Lëtzebuerg de 5. Juli 1951 op der Bréisseler Plaz a Betrib geholl gouf?
- ... all d'Planéite vun eisem Sonnesystem no réimesche Gëtter genannt goufen, ausser d'Äerd an den Uranus?
- ... den islännesche Literatur-Nobelpräisdréier Halldór Laxness sech 1922-23 an d'Benediktinerabtei Klierf zeréckgezunn huet an do gedeeft gouf?
- … déi éischt Eisebunnsstreck zu Lëtzebuerg den 11. August 1859 tëscht Lëtzebuerg a Zoufftgen a Betrib geholl gouf?
- ...Wäisse Wäin vun alle méigleche Wäindrauwen, och där mat bloelzeger Haut, gemaach ka ginn?