• ... dat eelst Spidol zu Esch-Uelzecht d'Metze Spidol war, dat 1878 vun de Bedreiwer vun der Metze Schmelz als e Spidol fir hir Aarbechter gebaut gouf?

... den Émile Servais (1847-1928) den 9. Januar 1919 zum President vun der Republik Lëtzebuerg designéiert gi war, ier den Dag drop franséisch Truppen dem republikaneschen Opstand en Enn gemaach hunn?

  • ... d'Doudesstrof zu Lëtzebuerg fir d'lescht de 24. Februar 1949 ausgeféiert gouf, 1979 per Gesetz ofgeschaaft gouf an 1999 an der Verfassung festgehale gouf, datt se net méi agefouert kéint ginn?