Schabloun:Op engem 4. August
- 1060: De Philippe I. gëtt mat 8 Joer Kinnek vu Frankräich.
- 1789: Frankräich: Ofschafe vun de Privilegien a vum Feudalsystem.
- 1899: Gebuert vum lëtzebuergesche Moler Jean-Pierre Beckius.
- 1901: Den US-amerikaneschen Jazzmuseker, Trompettist a Sänger Louis Armstrong gëtt gebuer.
- 1912: Gebuert vum schweedeschen Diplomat Raoul Wallenberg.
- 1914: Éischte Weltkrich: Däitsch Truppe marschéieren an der Belsch an. Doropshin erkläert Groussbritannien dem Däitsche Räich de Krich.
- 1933: Doud vum lëtzebuergesch-elsass-loutrengesche Geolog Leopold van Werveke.
- 1961: Den US-amerikanesche Politiker a President Barack Obama kënnt op d'Welt.