Schabloun:Op engem 16. August
![Gabriel Lippmann](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/4/4b/Gabriel_Lippmann2.jpg/100px-Gabriel_Lippmann2.jpg)
- 1419: Doud vum Wenzel II. vu Lëtzebuerg ("de Lidderegen"), réimesch-däitsche Kinnek, als Wenzel IV. Kinnek vu Béimen, Kurfürst vu Brandenburg.
- 1845: Gebuert zu Bouneweg vum franséische Physiker, Erfinder an Nobelpräisdréier Gabriel Lippmann.
- 1884: De lëtzebuergesch/US-amerikaneschen Erfinder, Editeur a Schrëftsteller Hugo Gernsback kënnt op d'Welt.
- 1904: Den US-amerikanesche Biocheemiker, Virolog an Nobelpräisdréier Wendell Meredith Stanley gëtt gebuer.
- 1920: Gebuert vum US-amerikaneschen Dichter a Schrëftsteller Charles Bukowski.
- 1958: Déi US-amerikanesch Pop-Sängerin a Schauspillerin Madonna kënnt op d'Welt.
- 1960: Zypern gëtt onofhängeg vu Groussbritannien.
- 1977: Den US-amerikanesche Rock'n'Roll-Sänger Elvis Presley stierft.