Schabloun:Op engem 13. Januar
- 1845: Gebuert vum franséischen Astronom a Mathematiker Félix Tisserand.
- 1864: Den däitsche Physiker a Physik-Nobelpräisdréier Wilhelm Wien gëtt gebuer.
- 1879: Doud vum Henri vun Oranien-Nassau, Läitnant-Gouverneur vu Lëtzebuerg.
- 1898: Den Émile Zola publizéiert säin oppene Bréif J'accuse...! (kuckt: Dreyfus-Affär).
- 1935: 90,8 Prozent vun de Wieler am Saarland stëmme fir e Bäitrëtt zum Däitsche Räich. De Slogan „Heim ins Reich“ kënnt fir d'éischt zum Asaz.
- 1941: Den iresche Schrëftsteller James Joyce stierft.
- 1982: Doud vum franséische Regisseur Marcel Camus.
- 1970: Gebuert vum italieenesche Vëlossportler Marco Pantani.