Félix Tisserand

franséischen Astronom

Den François Félix Tisserand, gebuer den 13. Januar 1845 zu Nuits-Saint-Georges, a gestuerwen den 20. Oktober 1896 zu Paräis, war e franséischen Astronom.

Félix Tisserand
Gebuertsnumm François Félix Tisserand
Gebuer 13. Januar 1845
Nuits-Saint-Georges
Gestuerwen 20. Oktober 1896
Paräis
Doudesursaach intrazerebral Bluddung
Nationalitéit Frankräich
Educatioun École normale supérieure
Aktivitéit Astronom, Mathematiker
Member vun Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, Académie des sciences, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften, Koninklijke Nederlandse Akademie van Wetenschappen, National Academy of Sciences, Société astronomique de France

Den Tisserand huet an der École normale supérieure Mathematik a Physik studéiert. Hie krut 1866 am Paräisser Observatoire eng Plaz als Adjoint a gouf 1873 Direkter vum Observatoire vun Toulouse, wou hie Professer gouf. Am Joer 1878 gouf hien zum Member vun der Paräisser Akademie vun de Wëssenschaften ernannt. 1883 gouf hien Nofollger vum Puiseux um Léierstull fir Himmelsmechanik op der Sorbonne zu Paräis. 1892 huet hien d'Leedung vum Paräisser Observatoire iwwerholl. Do huet hien d'Leedung vum Projet Carte du Ciel, wou de ganzen Himmel fotografesch kartéiert gouf. Gläichzäiteg huet hien e Fotoatlas vum Äerdmound initiéiert, den Atlas photographique de la lune. Dëse gouf eréischt zu der Zäit vun de Moundlandungen ofgeléist.

Wierkung

änneren

Als Unerkennung gouf e Äerdmoundkrater an der Géigend vum Mare Crisium no him genannt. Kuerz viru sengem Doud huet hien e Krittär fir d'Iwwerpréiwe vu Koméitebunnen entwéckelt, de Tisserandkrittär. Him zu Éiere gouf a senger Gebuertsuertschaft 1899 e Monument opgeriicht.

Schrëften

änneren
  • Traité de mécanique Céleste. (4 Bänn)

Literatur

änneren

Kuckt och

änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck

änneren
Commons: Félix Tisserand – Biller, Videoen oder Audiodateien