Jean-Pierre Prommenschenkel
De Jean-Pierre Prommenschenkel, gebuer den 19. September 1843 zu Chrëschtnech, an do gestuerwen den 29. Dezember 1937[1], war e lëtzebuergesche Steemetzer.[2]
Jean-Pierre Prommenschenkel | |
---|---|
De Jean-Pierre Prommenschenkel | |
Gebuer |
19. September 1843 Chrëschtnech |
Gestuerwen |
29. Dezember 1937 Chrëschtnech |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Steemetzer |
De Jean-Pierre Prommenschenkel war deen, deen d'Bréck iwwer de Schéissendëmpel gebaut huet.[3] Allgemeng gëtt ugeholl, datt dat am Laf vum Joer 1879 geschitt ass. D'Pläng fir d'Bréck ware vum Dikrecher Bezierksingenieur Antoine Hartmann ausgeschafft ginn an de Baukondukter Michel Dondelinger vun Iechternach huet dunn de Jean-Pierre Prommenschenkel mat den Aarbechte beoptraagt.[4]
Heizou huet et am Bericht iwwer säi Begriefnes, deen d'Luxemburger Wort an d'Obermosel-Zeitung publizéiert hunn, geheescht:[5]
Herr Prommenschenkel hat vor etwa 70 [sic] Jahren die Brücke, welche über den „Schießentümpel" führt, eigenhändig erbaut. Diesen Brückenbau vollführte er, ohne daß ihm dazu ein Plan vorgelegt worden wäre. Leider konnte er sein künstlerisches Vorhaben nicht ganz vollenden, da die Finanzmittel fehlten. Er hatte nämlich vor, zwei in Stein gemeißelte Männerfiguren an jedem Ende anzubringen, auf deren Schultern der ganze Brückenbau ruhen sollte. Bedauerlicherweise wurden auch im Laufe der Jahre zahlreiche in Stein gemeißelte Figuren zerstört. Gemäß seinen Aussagen hat er im Brückengewölbe, neben dem Schlußstein, eine Gedenktafel eingemauert, auf welcher die Namen des damaligen Landesherrschers, des Dorfpfarrers, der Gemeindebehörden und des Schweinehirten eingetragen sind. Auch hat er an derselben Stelle je ein Stück der damals im Umlauf befindlichen Münzen eingegraben.
Literatur
änneren- Massard, J.A., 2016. "Die Geschichte des Schießentümpels”. Bemerkungen zu einem rezenten Tageblatt-Artikel. Published online.
- Schmit, Jean, 2016. Die Geschichte des Schießentümpels: 1881 wurde die Brücke gebaut. Tageblatt 2016-07-29, S. 49, Nr. 176.
Referenzen
änneren- ↑ Luxemburger Wort 1937-12-30: 7, Nr. 364 (Todesanzeige)
- ↑ Massard 2016, S. 5-6.
- ↑ Schmit 2016.
- ↑ Massard 2016, Jean Schmit, 2016
- ↑ Extrait zitéiert bei Massard 2016.
Luxemburger Wort 1938-01-03, S. 5 (Christnach, 3. Jan.).[1]
Obermosel-Zeitung 1938-01-04, S. 4 (Christnach, 3. Jan.).[2]