Santa Fe (Galápagos)

Insel am Archipel vun de Galápagosinselen
(Virugeleet vu(n) Santa Fe (Galapagos))

Santa Fe ass eng kleng onbewunnten Insel am Archipel vun de Galápagosinselen a gehéiert zu Ecuador. Si huet eng Fläch vu 24 km², den héchste Punkt läit op 259 m. Hiren Urspronk deen op ronn 3 Millioune Joren zeréckgeet, mécht aus hir eng vun den eelsten Insele vum Archipel. De Besuch vun Touristen ass erlaabt.

Santa Fe (Galápagos)
Geographie
Land Ecuador
Läit an/am Pazifeschen Ozean
Gehéiert zu Galápagosinselen
Koordinaten 0°49'12"S, 90°3'36"W
Fläch 24,13 km²
Verwaltung
Verwaltungseenheet Provënz Galápagos
Demographie
Awunner 0
Aner Informatiounen
Genannt no Kathoulesch Kierch, Samuel Barrington
Zäitzon UTC−6
Galapagos Inselen

D'Vegetatioun entsprécht där vu ganz dréchene Géigenden. Bemierkenswäert ass e Bësch aus mächtegen Opuntiakaktusse mat enorm décke Stämm. Dëse Bësch ass eemoleg op de Galápagosinselen.

Op Santa Fe liewen e Landleguan an eng Räisrat déi nëmmen op dëser Insel virkommen.

Planzen an Déieren op Santa Fe änneren

Naturschutz änneren

Verwëldert Hausgeesse waren e Problem op Santa Fe, ier si 1971 konnten do ausgerott ginn.

Bibliographie änneren

  • Galápagos, J. Kricher. Smithsonian Natural History Series. Smithsonian Institution Press. 2002.
  • Birds, Mammals and Reptiles of the Galápagos Islands. A. Swash and R. Still. A&C Black Publishers, 2nd edition, 2006.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Santa Fe (Galápagos) – Biller, Videoen oder Audiodateien