D'Sandra Moore Faber, gebuer 1944 ass Professesch fir Astronomie an Astrophysik an der University of California, Santa Cruz (UCSC) a schafft am Lick-Observatoire. Si entdeckt zesumme mam Robert Earl Jackson am Joer 1976 d'Faber-Jackson-Relatioun.

Sandra Moore Faber
Gebuer 28. Dezember 1944
Boston
Nationalitéit USA
Educatioun Harvard Universitéit
Aktivitéit Astronom, Universitéitsprofesser, Astrophysiker
Member vun National Academy of Sciences, American Academy of Arts and Sciences, American Philosophical Society, International Astronomesch Unioun

Am Joer 1972 krut si hire Ph.D. an Astronomie vun der Harvard Universitéit, nodeem si virdrun de B.A., mat héijen Auszeechnungen a Physik vum Swarthmore College am Joer 1966 erreecht hat. 1972 gouf si Assistant Professer, 1977 Associate Professer an 1979 Professer an der UCSC. Zanter 1996 huet si de Rang vun engem Universéitsprofesser vun der University of California.

Si ass Member vun der National Academy of Sciences (1985), der American Academy of Arts and Sciences (1989) a gouf den 29. Abrëll 2001 an d'American Philosophical Society gewielt.

Si war och Leederin vun deem Team (bekannt als die Seven Samurai), dat d'Massekonzentratioun Groussen Attrakter entdeckt huet.

Am UCSC fokusséiert si hir Fuerschungen op de Beräich vun der Entwécklung vu Strukturen am Universum an der Entwécklung a Genesis vu Galaxien.

Éierunge änneren

  • Éierendoktertitel vum Williams College (1997) a vum Swarthmore College (1986).

Um Spaweck änneren

  Portal Astronomie