Sainte-Solange
franséisch Gemeng am Departement Cher
Sainte-Solange ass eng franséisch Gemeng am Departement Cher an der Regioun Centre. Sainte-Solange läit am Nordoste vu Bourges am Dall vum Ouatier, en Niewefloss vun der Yèvre.
| |||||
---|---|---|---|---|---|
D'Kierch Saint-Solange | |||||
Land | Frankräich | ||||
Regioun | Centre-Val de Loire | ||||
Departement | Cher | ||||
Arrondissement | Bourges | ||||
Kanton | Saint-Germain-du-Puy | ||||
Postcode | 18220 | ||||
Gemengecode | 18235 | ||||
Koordinaten | 47° 08’ 14’’ N 02° 33’ 02’’ O | ||||
Fläch | 3 185 ha | ||||
Bevëlkerung | 1 180 (2010) |
Bis an d'9. Joerhonnert huet Sainte-Solange Saint-Martin-de-Crot geheescht, an huet zum Kapitel vun der Kathedral vu Bourges gehéiert. Haut heescht nach just d'Haaptstrooss an der Uertschaft sou. De Martyrium vun der Schéiferin Solange ass d'Origine vum haitegen Numm vun der Gemeng.
Et ass déi eenzeg Uertschaft am Berry, déi den Numm vun der Patréinesch vun der Géigend dréit.
Nopeschgemengen
ännerenErnimmenswäertes
änneren- Iwwerreschter vu gallesche Griewerplazen op der Plaz Fertisses.
- De Kiem vu Bourges op Saint-Satur
- D'romanesch Kierch Sainte-Solange an hiren Tuerm mat der grousser Paart.
- D'Kapell mat dem Numm Chapelle du Champ du Martyre aus dem 19. Joerhonnert ongeféier 1 km baussent dem Duerf.
- Pressiounen
- Den 10. Mee um Fest vun der Patréinesch ass eng Pressioun vun de Leit aus der Gemeng.
- Päischtméindes ass eng Pressioun vum Bistum Bourges, bei där den Äerzbëschof vu Bourges derbäi ass, an och d'Mass hält.
Uertschaft virdrun Brécy |
Jakobswee Via Lemovicensis |
Uertschaft duerno Bourges |
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Sainte-Solange – Biller, Videoen oder Audiodateien |