Bourges ass eng franséisch Gemeng a Stad am Departement Cher an der Regioun Centre.

Bourges
Land Frankräich
Regioun Centre-Val de Loire
Departement Cher
Arrondissement Bourges
Kanton Bourges 1 / 2 / 3 / 4 / 5
Postcode 18000

Bourges Plus

Gemengecode 18033
Koordinaten 47° 05’ 04’’ N
      02° 23’ 47’’ O
Fläch  6 874 ha
Bevëlkerung  66 381 (2010)
Bourges vum Kathedralstuerm gesinn

Bourges läit am Zentrum vun der grousser Gewan vum Berry, um Hank vun enger Kopp ëm déi zwéi Flëss lafen, d'Ièvre an den Auron, déi do och grouss Suppe forméieren.

Bourges huet keltesch Originnen, well et war schonn déi gréisst Stad vun de Bituriger. Nodeem den Cäsar Gallien ënnerworf hat, gouf d'Stad Avaricum gedeeft. Well se sech ferm géint d'Réimer gewiert hat, gouf s'och vun deene praktesch komplett zerstéiert, a s'ass eréischt erëm am 4. Joerhonnert erëm méi e wichtegen administrativen Zentrum ginn.

Duerno huet sech eng laang Zäit mat Bourges net vill gedoen, bis et um Enn vum 12. Joerhonnert en Äerzbistum gouf. Dunn ass ugefaange ginn d'Kathedral Saint-Etienne ze bauen, déi en aalt romanescht Gebai ersat huet. Mä seng grouss Zäit war nach nach komm.

Dat huet sech geännert wéi den Herzog Jean vum Berry, de Brudder vum Charel V., aus Bourges d'Haaptstad vu sengem Herzogtum gemaach huet. Hie war e cultivéierte Prënz an als Amateur vun de Kënscht huet hien e groussen Haff gefouert, an och vill Artisten ëm sech versammelt.

Am Honnertjärege Krich wéi eng grouss Parti vu Frankräich vun den engleschen Truppe besat war, huet de Charel V. sech bei säi Monni Jang op Bourges verfuusst, dat zu deem Moment d'inoffizell d'Haapstat vu Frankräich gouf.

Deemools ass och dem Jacques Coeur seng Glanzzäit ugaangen, deen als Bouf vun engem Pelzhändler, fir d'éischt klengen Händler war, an dunn iwwer de Wee vum Banquier an Armateur de Patron vun engem internationalen Handelsreseau gouf.

D'Universitéit änneren

D'Grënnung vun der Universitéit vu Bourges am Joer 1463 duerch de Louis XI. huet aus aus der Stad eng renomméiert intellektuell Plaz gemaach. Vill auslännesch Studente si komm, dorënner och Däitscher déi vum Luther begeeschtert waren. Dat hat e gewëssen Afloss op de Calvin dee Student zu Bourges war. Hien huet do seng Institution chrétienne publizéiert, a seng Reformiddien hu sech am ganze Land breet gemaach, wat e puer Joer méi spéit zu de Reliounskricher gefouert huet, déi d'Geigend vu Bourges an e Schluechtfeld verwandelt hunn.

Duerno huet d'Stad nach just eng administrativ Roll gespillt, an eréischt duerch d'industriell Aktivitéiten am 19. Joerhonnert, huet s'erëm eng Bléi erlieft.

D'Kathedral Saint-Etienne änneren

 
Kathedral vu Bourges

D'Kathedral vu Bourges gehéiert zu de gréisste gotesche Kathedralen a Frankräich. Se fält op duerch hir Ostfassad mat fënnef grousse Paarten an d'Stëtzpiliere mat de Verstriewungbéi déi ausser der viischter Fass ronderëm dat ganz Gebai stinn. Déi grouss faarweg Fënstere sinn aus dem 13. Joerhonnert.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Kathedral vu Bourges.

Jumelagen änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Bourges – Biller, Videoen oder Audiodateien
Uertschaft virdrun
Sainte-Solange
Jakobswee

Via Lemovicensis
Uertschaft duerno
La Chapelle-Saint-Ursin