Arrondissementer am Departement Cher

Wikimedia-Lëschtenartikel

D'Departement Cher besteet aus dräi Arrondissementer mat follgenden Haaptuertschaften: Bourges, Saint-Amand-Montrond a Vierzon.

Déi dräi Arrondissementer sinn:

Geschicht änneren

  • 1790 gëtt d'Departement Cher mat 7 Distrikter gegrënnt: Aubigny, Bourges, Châteaumeillant, Saint-Amand, Sancerre, Sancoins, a Vierzon.
  • 1800 ginn Distrikter duerch d'Arrondissementer Bourges, Saint-Amand-Montrond a Sancerre ersat.
  • 1926 gëtt d'Arrondissement Sancerre suppriméiert.
  • 1984 gëtt d'Arrondissement Vierzon gegrënnt.