Saint-Jean-Sart
Saint-Jean-Sart ass eng kleng belsch Uertschaft an der Gemeng Aubel an der Provënz Léck.
Saint-Jean-Sart | |
---|---|
![]() | |
Land | Belsch |
Regioun |
![]() |
Communautéit |
![]() |
Provënz |
![]() |
Arrondissement | Verviers |
Gemeng |
![]() |
Koordinaten |
50° 42’ 16’’ N 05° 48’ 52’’ O |
Telefonszon | 087 |
Postcode | 4880 |
![]() |
D'Uertschaft läit op enger Héicht vun 200 Meter an engem Südhank deen an den Dall vun der Baach Bel erofgeet. Saint-Jean-Sart ass eng al Uertschaft. Se gëtt schonn 1213 an 1216 an Dokumenter ernimmt.
Um Fouss vun der Uertschaft kann een d'Iwwerreschter vun engem Observatiounsposte gesinn deen zum Fort d'Aubin-Neufchâteau gehéiert huet.
D'Geschicht vun der Uertschaft war ëmmer enk mat där vun der Abtei Val-Dieu verbonnen déi knapps ee Kilometer dovun ewech läit.