Appelboom

bemierkenswäerte Bam

Den Appelboom (och alt Appèlboom geschriwwen; ausgeschwat ʌ'pɛlbo:m) ass e bemierkenswäerte Bam an der Sektioun Warsage vun der Belscher Gemeng Dalhem. Et ass eng Wanterlann a si ass ronn 560 Joer al. De Bam steet net wäit vun der Nationale 608 um Wee deen op Saint-Jean-Sart féiert, an enger Grupp Beem, tëscht Eechen an anerem Getraisch verstoppt.

Appelboom
De Stamm vum Appelboom am Mee 2008
Kategorie Bemierkenswäerte Bam
Land Belsch
Gemeng Dalhem
Plaz Warsage
Adress Lieut-dit Bois de la Canelle
Koordinaten 50°42'56"N, 5°48'34"O
Bamaart Wanterlann

De Bam gouf vun de Patere vun der Abtei Val-Dieu geplanzt, fir d'Grenz tëscht Aubel a Warsage ze markéieren. Et ass bekannt datt an der Zäit vun der franséischer Revolutioun sech do déi jonk Männer, déi sech fräiwëlleg an d'Arméi gemellt hunn, getraff hunn. Den Numm Appelboom kënnt no der Iwwerliwwerung dohier, datt d'Leit sech bei Evenementer, wéi z. B. bei der Sakramentspressioun déi op Fouron-Saint-Martin goung, do getraff hunn, wann op der Kopp d'Juegdhar geblose gouf, an deemno en Appel gemaach gouf.

De Stamm vum Bam huet en Ëmfang vu 5,40 Meter op Broschthéicht.

Zanter dem 15. Mee 1964 steet de Bam op der Lëscht vum Patrimoine immobilier classé an der Gemeng Dalhem.