Provënzen a Südafrika
Südafrika ass an néng Provënzen agedeelt. No den éischte fräie Walen, no der Apartheid, 1994 goufen d'Bantu Homelands (och nach Bantustan, op Afrikaans Bantoestan) rëm an d'Land agegliddert an déi 4 Provënzen déi zanter 1910 existéiert hunn, goufen opgeléist. Südafrika gouf du ganz nei an néng Provënzen agedeelt. Déi verschidde Provënze sinn an am Ganzen 48 Distrikter an 8 Metropolgemengen agedeelt.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Distrikter a Südafrika.
Provënze vun 1994 un
ännerenNr. op der Kaart |
Provënz | Awunner (2011)[1] | Geschaten Awunner (2014)[2] | Haaptstad | Awunner an der Haaptstad (2011)[3] | Fläch (km²) |
---|---|---|---|---|---|---|
1 | Westkap | 5 822 734 | 6 116 324 | Kapstad | 3 740 026 | 129 370 |
2 | Nordkap | 1 145 861 | 1 166 680 | Kimberley | 248 041 | 361 830 |
3 | Ostkap | 6 582 053 | 6 786 880 | Bhisho | 755 200 | 169 580 |
4 | KwaZulu-Natal | 10 267 300 | 10 694 434 | Pietermaritzburg | 618 536 | 92 100 |
5 | Fräistaat | 2 745 590 | 2 786 757 | Bloemfontein | 747 431 | 129 480 |
6 | Nordwest | 3 509 953 | 3 676 274 | Mahikeng | 291 527 | 116 320 |
7 | Gauteng | 12 272 263 | 12 914 817 | Johannesbuerg | 4 434 827 | 18 178 |
8 | Mpumalanga | 4 039 939 | 4 229 323 | Nelspruit | 588 794 | 79 490 |
9 | Limpopo | 5 404 868 | 5 630 464 | Polokwane | 628 999 | 123 900 |
Total | 51 770 560 | 54 001 953 | Pretoria (Adm.) | 2 921 488 | 1 219 912 |
Provënze vun 1910 bis 1994
ännerenNo der Onofhängegkeet vu Groussbritannien 1910 gouf Südafrika a véier Provënze gedeelt:
- Provënz Oranje-Fräistaat (den deemolegen Territoire vum Oranje-Fräistaat)
- Provënz Transvaal (den deemolegen Territoire vun der Transvaal-Republik)
- Kapprovënz (den deemolegen Territoire vun der Kapkolonie)
- Provënz Natal (den deemolegen Territoire vun der Natalkolonie)