Stellenbosch
Stad a Südafrika
Stellenbosch (afrikaans: [stɛləmˈbos], [ˈstɛləmbos]) ass eng Stad an der Provënz Westkap an der Republik Südafrika. Et ass no Kapstadt déi eelts Siidlung déi Europäer am haitege Südafrika gegrënnt hunn. 2011 hat d'Stad 19.068 Awunner.
Stellenbosch | |
---|---|
![]() | |
Land | Südafrika |
Provënz | Westkap |
Administrativ Eenheet | Stellenbosch |
Grënnung | 1679 |
Fläch | 8,24 km² |
Héicht | 136 m |
Koordinaten | 33°56'12"S, 18°51'41"O |
GeographieÄnneren
Stellenbosch läit eng ronn 50 Kilometer ëstlich vu Kapstadt um Floss Eerste Rivier, 114 Meter iwwer dem Mier. Et ass d'Haaptuertschaft vun der Gemeng mam selwechten Numm zu där och d'Uertschafte Franschhoek a Pniel souwéi d'Townships Khayamandi, Ida’s Valley a Cloetesville gehéieren.
D'Stad läit an enger Berglandschaft mat fruchtbaren Däller. D'Ëmgéigend gëtt landwirtschaftlich exploitéiert a gehéiert zu zu de gréisste Wäibaugebidder a Südafrika.