De Matamela Cyril Ramaphosa, gebuer de 17. November 1952 zu Johannesburg, ass e südafrikanesche Politiker (African National Congress), Gewerkschaftsleader, Geschäftsmann an zanter dem 15. Februar 2018 President vun der Republik Südafrika.

Cyril Ramaphosa
Gebuer 17. November 1952
Soweto
Nationalitéit Südafrika
Educatioun Harvard Universitéit,
Yale Universitéit
Aktivitéit Politiker, Gewerkschaftler, Geschäftspersoun, Entreprener
Partei African National Congress

Vum Mee 2014 bis Februar 2018 war hie Vizepresident vu Südafrika ënnert dem Jacob Zuma, an zanter Dezember 2017 ass hie President vum ANC.

Forbes no huet hien e Verméige vu ronn 450 Millionen US-Dollar (2015).[1]

Hien ass zu Soweto opgewuess, huet op der University of the North (Turfloop, déi just fir Schwaarzer war) Droit studéiert a gouf Affekot. Fir säin Engagement a Studenten- a Gewerkschaftsorganisatioune géint d'Apartheidsregime an d'Aarbechtskonditioune virun allem vu Schwaarze koum hien e puermol an de Prisong an huet och um Enn missen a d'Ausland flüchten.

1991 gouf hien zum Generalsekretär vum ANC gewielt.


Den 18. Dezember 2017 gouf de Ramaphosa géint eng Ex-Fra vum President Jacob Zuma, d'Nkosazana Dlamini-Zuma, als President vum ANC gewielt.

Den 13. Februar 2018 huet den Exekutivkommitee vum ANC den Zuma, deem Korruptioun virgeworf gëtt, opgefuerdert, zeréckzetrieden, wat deen den Dag drop gemaach huet. Domat gouf de Ramaphosa President faisant fonction, an de 15. Februar 2018 zum President gewielt.

Um Spaweck änneren

Commons: Cyril Ramaphosa – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Forbes List 2015