Ry Boissaux
D'Rosalie Ry Boissaux, gebuer de 15. August 1900 zu Hollerech, a gestuerwen den 19. Februar 1986 an der Stad Lëtzebuerg, war eng lëtzebuergesch Schrëftstellerin. Si huet haaptsächlech Märercher, Seeërcher a Legenden, vrun allem op däitsch a franséisch, ma och op lëtzebuergesch geschriwwen.
Ry Boissaux | |
---|---|
Gebuer | 15. August 1900 |
Gestuerwen | 19. Februar 1986 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Schrëftsteller |
Si war 1937 Grënnungsmember vun der Vereenegung Les amis de la maison de Victor Hugo à Vianden a gouf 1939 Member vun der Société des écrivains luxembourgeois de langue française (SELF). 1961 huet si mat enger Kannersendung um Radio ugefaangen.
D'Ry Boissaux gouf 1985 Member vun der Section des arts et lettres vum Institut grand-ducal.
Publikatiounen (Auswiel)Änneren
Texter op FranséischÄnneren
- Blessures, 1939, Lëtzebuerg
- Madame Molitor et Cie,, 1945, Lëtzebuerg
- Niki-Chat, 1957, SELF
- Contes d'enfants et d'animaux, 1961, SELF
- Crocodiliade, 1973, SELF
- Mosaïque, 1983, Institut Grand-Ducal, Section des Arts et des Lettres
Texter op LëtzebuergeschÄnneren
- De Vullenzirk am Wantergaart, 1954, Lëtzebuerg
- Verziel mer eng Geschicht, 1971, Lëtzebuerg
- Mäin Diddelénger Geschichtebuch 1903-1918, 1979, Esch-Uelzecht
- Kannerstonn, 1981, Lëtzebuerg
Texter op DäitschÄnneren
- Köpfchen. Die Geschichten des abgebrochenen Puppenkopfes und andere Erzählungen, 1949, Lëtzebuerg
- Leise Lieder, Eegeverlag, net am Handel
Texter an ZäitschrëftenÄnneren
D'Ry Boissaux huet a folgenden Zäitschëfte matgeschafft:
No hir genanntÄnneren
Fir un d'Ry Boissaux erënneren, gouf eng Strooss zu Gaasperech no hir genannt: d'Rue Ry-Boissaux.