Ruud Lubbers

47ten Premierminister vun Holland

De Rudolphus Franciscus Marie "Ruud" Lubbers [ ˈryt ˈlʏbərs ], gebuer de 7. Mee 1939 zu Rotterdam, an och do de 14. Februar 2018 gestuerwen, war en hollännesche Politiker (CDA) an Ekonomist.

Ruud Lubbers
Gebuertsnumm Rudolphus Franciscus Marie Lubbers
Gebuer 7. Mee 1939
Rotterdam
Gestuerwen 14. Februar 2018
Rotterdam
Nationalitéit Holland
Aktivitéit Ekonomist, Politiker, Diplomat, Entreprener, Professer, Friddensaktivist, Universitéitsprofesser
Member vun Europäesch Wëssenschafts- a Konschtakademie, Club de Rome
Famill
Kanner Bart Lubbers

Hie war vun 1982 bis 1994 Ministerpresident vun Holland. Hie war domat dee jéngsten Regierungschef an der Geschicht vu sengem Land, an och deen, dee bis ewell am längste regéiert huet. Vu Januar 2001 bis zu sengem Récktrëtt am Februar 2005 war hien Héije Flüchtlingskommissär vun de Vereenten Natiounen an domat de Patron vun der UN-Flüchtlingshëllefsorganisatioun UNHCR.

Hie war zanter 1962 mat der Ria Hoogeweegen bestuet; si kruten dräi Kanner.

Um Spaweck änneren

Commons: Ruud Lubbers – Biller, Videoen oder Audiodateien