5, rue de la Loge (Stad Lëtzebuerg)

D'Haus Nummer 5 an der Rue de la Loge an der Stad Lëtzebuerg war bal en halleft Joerdausend laang d'Zonfthaus vun de Kréimer. Zanter 1818 ass d'Fräimaurerloge Les enfants de la concorde fortifiée dran.

5, rue de la Loge
(2011)
Land Lëtzebuerg
Adress rue de la Loge
Koordinaten 49° 36’ 38.9’’ N
      6° 08’ 02.7’’ O
Statut Klasséiert Monument (INPA)

Geschicht änneren

D'Zonft vun de Kréimer war déi räichst Zonft an der Stad. Dat éischt Zonfthaus op där Plaz gouf tëscht 1525 a 1553 gebaut. 1684, bei der Belagerung vun der Stad vum Louis XIV. sengen Truppe gouf et komplett zerstéiert. Et huet laang gedauert, bis nees en neit Haus opgeriicht war, well nach 1775 huet d'Zonft missen e Kredit ophuelen, fir d'Bauaarbechten op en Enn ze bréngen. An der Franséischer Revolutioun goufen d'Zënft opgeléist, an d'Haus der d'Marie-Catherine Benus, der Wittfra vum Regierungsconseiller Labeye, verlount. 1797 gouf et versteet, an den neie Proprietär huet et verlount, ë. a. dem Paschtouer vun der Méchelskierch.[1]

Den 1. Juli 1818 hunn de Buergermeeschter vun der Stad, de François Scheffer, an de Greffier Jean-Baptiste Gellé, d'Gebai fir d'Loge Les Enfants de la concorde fortifiée opkaf. Nodeem d'Haus ëmgebaut an um 2. Stack en Tempel ageriicht gi war, konnt et den 9. Januar 1820 ageweit ginn. 1866 gouf et e Feier am Haus, dat vill Schued gemaach huet. Um Enn vum 19. Joerhonnert gouf d'Haus an d'Rei gesat, a kuerz nom Éischte Weltkrich goufen d'Biller an d'Molereie restauréiert.[2]

Am Zweete Weltkrich gouf d'Haus vun der Zivilverwaltung confisquéiert an d'Miwwelen doruechter verdeelt. Um Tempel gouf wéineg geännert; d'Nazien hate wëlles, nom "Endsieg" e Musée vun der Fräimaurerei dran anzeriichten. No der Befreiung vum Land gouf d'Ariichtung nees beienee bruecht[3] an d'Gebai gouf den 20. Oktober 1961, zesumme mat deenen op den Nummeren 9, 7, 4, 6, 8-8b, an dem Haff vum Îlot gastronomique op der Lëscht vum Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter agedroen.[4]

1970 gouf d'Fassad sou ëmgeännert, wéi se haut nach ass. 1972 gouf et nees e Feier am Haus, soudatt et nach eng Kéier restauréiert huet misse ginn.

Literatur a Quell änneren

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. Beck, 12
  2. Beck, 12-13.
  3. Beck, 13.
  4. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).