Romain Mancinelli

lëtzebuergeschen Offizéier

De Romain Mancinelli, gebuer den 19. Juni 1959, ass e lëtzebuergeschen Offizéier. Hie war vun Enn 2014 bis den 29. September 2017 Chef d'État Major vun der Lëtzebuerger Arméi.

Romain Mancinelli
De Romain Mancinelli (2015)
Gebuer 19. Juni 1959
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun École royale militaire
Aktivitéit Offizéier

Hien huet 1982 seng Offizéieschausbildung op der École Royale Militaire zu Bréissel ofgeschloss. Dono hat hie verschidde Fonctiounen an der Infanterietrupp vun der Lëtzebuerger Arméi an huet eng Rëtsch weider militäresch Formatioune gemaach.

2008 gouf hien Nofollger vum Gaston Reinig als Kommandant vun der Kasär Grand-Duc Jean um Härebierg, an den 1. Dezember 2014 gouf hien zum Generol (OF-6) befërdert an Nofollger vum Mario Daubenfeld als Chef d'État Major.

Den 29. September 2017 gouf de Generol Alain Duschène säin Nofollger.

De Romain Mancinelli ass bestuet a Papp vun zwou Duechteren.

Gielercher[1] änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Romain Mancinelli – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. C.V. vum Romain Mancinelli um Site vun der lëtzebuergescher Arméi