Roger Lorang

lëtzebuergesche Foussballspiller, -trainer a -manager.


De Roger Lorang, gebuer den 22. November 1930, a gestuerwen den 10. Dezember 2023 um Briddel[1] war e fréiere lëtzebuergesche Foussballspiller[2], -trainer a -manager.

Roger Lorang
Gebuer 22. November 1930
Gestuerwen 10. Dezember 2023
Briddel
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller

Hie war wärend méi wéi 20 Joer[Wéini ?] als Generalsekretär a Manager bannent dem Cercle athlétique Spora fir de Foussball zoustänneg a sechs Joer Trainer vun der éischter Ekipp.

Als Trainer huet hien 1980 mat der Spora d'Coupe de Luxembourg gewonnen.

Hien huet den 28. Oktober 1953 fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp géint Irland gespillt.[3],[4]

Berufflech huet hie säi ganzt Liewe fir d'Éditions Saint-Paul geschafft.

Um Spaweck

änneren

Referenzen

änneren
  1. Familljenannonce am Luxembuger Wort vum 27.12.2023, S. 35
  2. De Roger Lorang op der Websäit Weltfussball.de
  3. D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Roger Lorang op der Websäit vun European Football
  4. "„Der Pokalsieg 1980 war der Wahnsinn“ - Lange nichts mehr gehört von... Roger Lorang, der mehr als ein halbes Jahrhundert im nationalen Fußball tätig war" am Luxemburger Wort vum 25. September 2019, S.46