Rochuskapell vu Giewel

(Virugeleet vu(n) Rochuskapell Giewel)

D'Rochuskapell vu Giewel ass eng kathoulesch Kapell déi zur Par Äischdall Saint-François-et-Sainte-Claire, zum Dekanat Süden-West an zu der Gemeng Käerch gehéiert.

Kapell vu Giewel

Uertschaft / Plaz Giewel
Par Äischdall Saint-François
et Sainte-Claire
Dekanat Süden-West
Numm / Patréiner Hl. Rochus
Koordinaten 49° 40’ 07.5’’ N
      05° 57’ 50.2’’ O
D'Kapell vun ënnen aus der Pierre-Braun-Strooss gesinn

D'Kapell vun ënnen aus der Pierre-Braun-Strooss gesinn
D'Kapell vun ënnen aus der Pierre-Braun-Strooss gesinn
Kierchen - Kapellen

De Patréiner ass den hellege Rochus, deem säi Fest de 16. August gefeiert gëtt.

Se steet an der Pierre-Braun-Strooss, an der Verlängerung vun der rue de la chapelle.

D'Gebai änneren

D'Gebai ass an der Nord-Süd-Richtung gebaut. Et ass baussen a bannen einfach gehalen. Op der ëstlecher Säit huet se dräi Fënstere mat engem ronne Bou.

D'Kapell ass bemierkenswäert wéinst hire Konschtwierker am Banneraum. Op der rietser Säitewand ass e stenge Relief, deen déi Zwielef Apostele weist. Et ass eng gotesch Aarbecht, déi net genee ze datéieren ass. Deen Apostelrelief ass eenzegaarteg zu Lëtzebuerg.

An der Nisch vum Rokokoaltor steet eng Consolatrixstatu. Säitlech vum Altor sti Barockstatue vum Patréiner vun der Kapell, dem hellege Rochus (riets vum Altor), dem hellege Philippus (op der lénkser Säit) an dem Louis XIV.

Geschicht änneren

Wéini genee d'Kapell gebaut gouf ass net bekannt. Dat eelst Dokument an deem s'ernimmt gëtt, ass aus dem Joer 1635, wou se dem hellege Rochus geweit gouf, deen d'Leit virun der Pescht schütze sollt.

D'Joreszuel 1822 iwwer der Entrée weist warscheinlech op eng Renovéierung hin. Dokumentéiert ass eng komplett Renovéierung am Joer 1850.

1977 gouf d'Gebai fir d'lescht renovéiert, den Dach gouf 2011/2012 nei gemaach. Fir den Ofschloss vun den Aarbechte gouf den 19. Mee 2012 en neie Wiederhunn op den neigedeckten Tuerm gesat, wat mat enger Feier op der Plaz verbonne war.

Literatur änneren

  • Luxemburger Wort, Joergang 164, Nr. 197, 24. August 2012, S. 18, Nadia Rafalski: Kleinod auf dem Land (Koerichs ältester erhaltener Sakralbau liegt in Goeblingen)

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Rochuskapell vu Giewel – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren