Robert Mancini (Sculpteur)

Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Sculpteur Robert Mancini. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Robert Mancini.
Dëse Konschtartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Robert Mancini, gebuer de 16. Mäerz 1950 zu Esch-Uelzecht,[1] gestuerwen de 4. Dezember 2011 an der Stad Lëtzebuerg,[2] war e lëtzebuergesche Journalist a Sculpteur.

Robert Mancini
Gebuer 16. Mäerz 1950
Esch-Uelzecht
Gestuerwen 4. Dezember 2011
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Sculpteur

1983 huet hien als éischte säin Atelier fir Metallskulpturen an der fréierer Duchfabrik op der Schläifmillen ageriicht. 1987 war hie Matgrënner vun der Asbl Schläifmillen, déi et Kënschtler erlaabt en Atelier an der renovertéierter fréierer Duchfabrik anzeriichten.[3]

De Robert Mancini huet zanter den 1990er Joren un den Ausstellunge vum Cercle artistique de Luxembourg deelgeholl. Seng Wierker huet hien och all Joer bei der traditioneller Porte ouverte op der Schläifmillen ausgestallt.[3]

Zu engem Eclat koum et 2008 wéi d'Direktioun vun der Spuerkeess virum Vernissage dräi Wierker vum Robert Mancini am Kader vun der Ausstellung L'art rivain vun de Schläifmille-Kënschtler an der Galerie Am Tunnel ewechhuele gelooss huet. D'Biller weisen déi zerstümmelt Gesiichter vun Zaldoten aus dem Éischte Weltkrich.[3]

Wierker änneren

  • Song for an unfinished woman, Skulpturensembel aus Stolplacken, 1995 um Gaalgebierg zu Esch-Uelzecht opgestallt. 3 Bierken, déi zum Ensembel gehéiert hunn, an déi sou geplanzt gi waren, wéi wa se de Silhouettë vun de Fraebeen aus dem Schouss erauswuesse géifen, goufen 1998 nees ewechgeholl, dat op Grond vu Protester.

Kuckt och änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. Luxemburger Lexikon, 1. Oplo, 2006, S. 281
  2. "...décédé inopinément à Luxembourg le 4 décembre 2011...", Tageblatt Nr 286 vum 8. Dezember 2011, S. 67
  3. 3,0 3,1 3,2 (dco), 2011. Schläifmillen-Gründer Robert Mancini verstorben. Luxemburger Wort vum 10. Dezember 2011, S. 23.