De Risenmanta (Manta birostris) ass eng Aart aus der Ënnerfamill vun de Mobulinae (de:Teufelsrochen, Gattung Mantaen). Den Numm "Manta" kënnt aus dem Spueneschen an heescht "Decken".

Risemanta
E Risemanta

E Risemanta
E Risemanta
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordadéieren
Klass: Knorpelfësch
Uerdnung: Myliobatiformes
Famill: Myliobatidae
Ënnerfamill: Mobulinae
Gattung: Manta
Aart: Risemanta
Wëssenschaftlechen Numm
'Manta birostris'
Walbaum, 1792

Beschreiwung änneren

Risemantae kënne bis zu siwe Meter Spanwäit an e Gewiicht vun zwou Tonnen erreechen. Anescht wéi vill vun den anere Rochenaarten hu se kee gëftege Stachel. Si erniere sech nëmme vu Plankton, dee s'iwwer dem Schwamme fänken. Deemno hale se sech dacks bei der Waasseruewerfläch op, wou et vill Friessen ze fanne gëtt. Just fir se raschten dauche se no bei de Buedem.

Op den zwou Säite vum Kapp hunn d'Risemantaen jee eng Kappfloss. Mat deene Flosse fächere se sech zousätzlech Friessen an d'Maul.

De Risenmanta benotzt seng Flosse ënner Waasser wéi d'Vullen hir Flilleken; si komme sou mat 9–12 km/h virun. Si kënnen och sprangen, an zwar bis zu 2 m wäit.

Risemantae sinn op der ganzer Welt an tropeschen Ozeanen ze fannen, am léifsten am net ze déiwe Waasser no bei der Küst.

Mantae wuesse lues a ginn eréischt mat 5 Joer geschlechtsräif. D'Weibercher kréien ee Klengt, dat se 13 Méint an hirer Kloak ausdroen; et ass da schonn ca. 1,9 m breet an 10 kg schwéier.

Trivia änneren

Den Autos-Modell Opel Manta vun der Firma General Motors gouf nom Manta genannt.

Um Spaweck änneren

Commons: Risemanta – Biller, Videoen oder Audiodateien