Québec

franséisch-sproocheg Provënz a Kanada
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Provënz Québec. Fir d'Stad, kuckt wgl. Québec (Stad).
Québec
Fändel Wopen
Devise: Je me souviens

All Provënzen an Territoirë vu Kanada
Land: Kanada
Haaptstad: Québec
Gréisst Stad: Montréal
Premierminister: François Legault (CAQ)
Fläch:
 - Total:
 - Waasser:
Op 2. Plaz
1.542.056 km²
11,5 %
Bevëlkerung:
 - Total:
 - Dicht:
Op 2. Plaz
7.903.001 (2011)
5,79/km²
Deel vu Kanada ginn: 1. Juli 1867
Offiziell Sprooch: Franséisch
Zäitzon: UTC-5/-4
Postcode: QC

De Québec ass eng Provënz am Oste vu Kanada.

Geographie änneren

D'Provënz Québec läit am ëstlechen Deel vu Kanada an ass ongeféier dräimol sou grouss wéi Frankräich oder Texas. Si ass gréisstendeels dënn besidelt. Wéinst där enormer Gréisst variéiert d'Topographie vun enger Regioun an déi aner, jee no Zesummesetzung vum Buedem, Klima a Proximitéit zum Waasser

Am Québec fënnt een eng vun de weltwäit gréisste Séisswaasserreserven. Si bedecken ronn 12% vun der Gesamtfläch. Am Ganze huet de Québec 3% vum erneierbare Séisswaasser op der Welt, mä nëmmen 0,1 % vun der Weltbevëlkerung. Donieft gëtt et eng Hallef Millioun Séien, dorënner 30 déi méi wéi 250 km² grouss sinn, a 4.500 Flëss déi an den Atlantik an den Arkteschen Ozean lafen

Demographie a Sproochen änneren

2011 hunn iwwer 7,9 Millioune Leit am Québec gewunnt. De Québec ass domat d'Provënz mat der zweetgréisster Bevëlkerung an déi eenzeg an där d'Majoritéit vun der Bevëlkerung francophone ass. Franséisch ass déi eenzeg offiziell Sprooch. 78% vun den Awunner hu Franséisch a 7,7% Englesch als Mammesprooch.

Bal d'Hallschent vun der Bevëlkerung wunnt an der Metropolregioun ëm Montréal.

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Québec – Biller, Videoen oder Audiodateien