Reynolds 531
Reynolds 531 ass de Markennumm ënner deem d'Reynolds Cycle Technology vu Birmingham an England, 1935, Réier fir d'Konstruktioun vu Vëloskaderen androe geloss huet.
Den éischte grousse Succès op engem Vëlo dee mat dëse Réier gebaut gouf hat de Lëtzebuerger Coureur Charly Gaul wéi en den Tour de France 1958 gewonnen huet.
Aner Succèse vu Coureuren op Vëloe mat Reynolds-Réier
änneren- 1961 gewënnt de Jacques Anquetil op engem Gitane mat Reynolds-Réier den Tour de France.
- 1969 gewënnt den Eddy Merckx op senger eegener Mark DeRosa mat dëse Réier.
- 1978 gewënnt de Bernard Hinault den Tour op engem Gitane mat Reynolds-Réier.
- 1986 gewënnt de Greg Lemond op engem Eeegebau Hinault mat Reynolds-Réier
- 1991 ass et de Miguel Indurain dee mat engem Pinarello-Kader aus Reynolds-Réier gewënnt.
Am Ganze goufe vun 1958 un 27 grouss Courssen op Vëloe mat Reynolds-Réier gewonnen.
Ze ernimme bleift nach, datt Reynolds 1980 fir de 531-Rouer de Guidon d'Or krut.